Thanks to Ella and Kathrin from CID | Fraen an Gender for translating the manifest into luxembourgish!
Mat vollem Bewosstsinn iwwer d’Wichtegkeet, d’Visibilitéit vun eisem Wëssen, eiser Geschicht an eise Beweegungen ze erhalen – besonnesch an Zäite wou Wäerter wéi Gerechtegkeet a Gläichstellung vun alle Geschlechter menacéiert sinn – erkläre mir:
Mir sinn hei. Mir erënneren. Mir deelen. Mir bauen – zesummen.
Mir sinn ELENOR: eent europäescht Netzwierk vu Fraen-, feministesch an LGBTQIA+-Erënnerungsinstitutiounen a Communautéiten – dorënner Bibliothéiken, Archiven, Informatiouns- a Dokumentatiounszentren, Muséeën, Gedenkplazen, universitär Unitéiten, Kollektiver a Persounen. Mir verbannen eis iwwer Grenzen, Generatiounen a Sproochen, fir Wëssen, Praktiken an Erfarungen ze deelen an eis géigesäiteg z’ënnerstëtzen, fir eng emanzipatoresch Geschicht ze erhalen an ze aktivéieren.
Mir kommen aus verschiddene Kontexten: Aktivismus, Akademie, ëffentleche Service a Gemeinschaftsaarbecht. Wat eis verbënnt, ass e gemeinsame Engagement fir Wëssen a Geschichten ze sammelen, ze dokumentéieren, z’erhalen an zougänglech ze maachen, déi marginaliséiert, vergiess oder geläscht goufen.
Eis Aarbecht ass gläichzäiteg archivistesch a no vir geriicht: Zesumme bauen mir e feministesche Wëssensraum – e Kader fir Austausch, Reflexioun a gemeinsam Léieren. An mir gestalten eng feministesch Sichplattform – eng kollaborativ digital Infrastruktur, déi eis Bestänn verbënnt an iwwer Grenzen zougänglech mécht.
Iwwer ELENOR verbannen mir, wat scho laang existéiert – a bauen, wat gefeelt huet. Mir verstäerken, wat do ass, verknëppen, wat verdeelt ass, a bauen aus, wat entsteet. Mir gleewen, datt Erënnerungsaarbecht e kollektiven an dauerhafte Prozess ass – a datt Pluralismus keng Barrière, mee eng Stäerkt ass.
Mir gleewen, datt Fraen-, feministesch, lesbesch, queer, intersexuell, trans- an intersektionell Wëssens- a Gediechtnispraktiken essentiell fir eng demokratesch Kultur a sozial Transformatioun sinn. Mir liewen feministesch Wäerter duerch d’Aart a Weis, wéi mir Wëssen dokumentéieren, organiséieren a deelen – oppe, virsiichteg a solidaresch. Mir stellen dominant, androzentresch Wëssens- a Gediechtnissystemer a Fro, andeems mir Raum fir multiple Perspektiven bidden – net als Ausnahm, mee als Fundament vun enger pluralistescher, demokratescher Erënnerungskultur.
Mir invitéieren Institutiounen, Initiativen, Kollektiver a Persounen, Deel vun ELENOR ze ginn – fir Fraen-, feministesch an LGBTQIA+-Erënnerungskulturen zesummen ze stäerken, ze verbannen an auszebauen.
Mir sinn ELENOR
feministesch Erënnerung am Asaz.
Mir schafen Raum fir Fraen-, feministesch an LGBTQIA+-Verierwen a Wëssen – elo an an der Zukunft.
